Mir sichen een/eng Reesberoder(in)

Voyages Flammang S.à r.l. sicht een/eng Reesberoder(in) 
(CDI – M/F)

Loscht op eng néi Erausfuerderung?
Dir dreemt vun engem Beruff deen är Reesleidenschaft an är Kompetenzen an enger familiärer Atmosphär verbënnt? Voyages Flammang ass méi wéi nëmmen eng Reesagence, mir sinn eng Famill. Dëst sinn 13 Reesbüroen dei queer duerch d’Land verdeelt sinn an ee Reesbüro an der Belsch. Mat méi wéi 70 Joer Erfarung, setze mir alles em, fir de Wonsch vun eiser Clientèle ze erfëllen: hier Reesdreem an eng Dramrees ze verwandelen.
Eist Geheimnis? Eng Equipe vu ronn 100 begeeschterte, dynamesch an héichqualifizéierte Mataarbechter, déi eng gemeinsam Firmenphilosophie deelen. Zesumme kombinéiere mir eis professionell Fäegkeete mat enger grenzeloser Leidenschaft fir den Tourismus, dëst fir eise Clienten déi beschte Rotschléi ze ginn an esou zum Wuesstum vun eiser Firma bäi zedroen.

 


Äre Profil:


• Dir hutt en Diplom am Tourismus an
•  äert Häerz schléit fir d’Reesen.
• Dir hutt mind. 2 Joer Beruffserfarung an engem änlechen Domaine, wou dir vill Reesserfarungen konnt sammelen.
• Reservatiounssystemer wéi Amadeus, Toma, Iris+, sinn Iech vertraut.
• Dir hutt e gutt Verkafsgefill, sidd reaktiv a verantwortungsvoll.
• Dir hutt gutt touristesch Kenntnisser, fir eis Clientë bei hirer Reesauswiel ze beroden.
• Dir hutt gutt Sproochekenntnisser a Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch.
• Dir sidd motivéiert, zouverlässeg, flexibel a sidd een Teamplayer.

 


Wat mir Iech ubidden:


• Ee vollzäit CDI
• E Salaire, deen Äre Qualifikatiounen ugepasst ass
• Zougang zu Formatiounen a Studiereesen
• E gesond, agreabelt an dynamescht Aarbechtsëmfeld, wou Är perséinlech a berufflech Entwécklung gefuerdert gëtt.

 

Prett fir ze boarden? Wann Dir Iech an dësem Profil erëm erkennt an dir Loscht hutt an enger jonker an dynamescher Firma ze schaffen, da schéckt eis Är Kandidatur (CV a Begleetbréif) op : jobs@flammang.lu oder iwwert dës Annonce.
Komm bei eis, fir zesummen aussergewéinlech Reesen ze gestalten an d'Clientsdreem ëmzesetzen!

Bewerbungsformular

Möchten Sie sich für diese Stelle bewerben, dann füllen sie bitte folgende Felder aus:


 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Die mit (*) gekennzeichnete Felder sind obligatorisch, damit wir Ihrer Anfrage nachkommen können.

*Das Formular wird nicht ohne beigefügten Curriculum versendet.*

Ihre Angaben sind streng vertraulich und dienen ausschließlich dem internen Gebrauch. Sie werden nicht an Dritte weitergereicht.